Artikel mit dem Tag "vvccl"



Tour de degommage
2025 · 04.05.2025
Wéi schonn an deene leschte Joren hat de Veteran and Vintage Car Club Luxembourg eis och dëst Joer invitéiert, fir de Start vun hirem éischten Tour vun der Saison ze fotogrpahéieren.. Mir hunn dës Invitatioun natierlech mat Freed ugeholl. Sonndes, den 4. Mee, hu mir eis scho fréi moies ëm 9 Auer um Parking beim Klauner zu Steesel agefonnt, wou de Tour de dégommage lancéiert gouf.

2019 · 08.05.2019
Och dëst Joer si mir vum Veteran and Vintage Car Club Luxembourg gefrot gi fir de Start vun hirem éischten Tour fir dës Saison ze fotograféieren. Mir sinn der Invitatioun natierlech gären nokomm a ware Sonndes Moies de 05 Mee um 09 Auer beim Kichechef um Parking fir den Depart vum Tour de dégommage matzemaachen.

2018 · 11.06.2018
De Weekend vum 08.06-10.06 huet den Veteran & Vintage Car Club Luxembourg all seng Memberen invitéiert hiren 50sten Gebuertsdag vum Club ze feieren.

2018 · 10.05.2018
Ee feste Bestanddeel an der Lëtzebuerger Oldtimerzeen ass dem „Veteran and Vintage Car Club Luxembourg“ hiren „Tour de dégommage“ fir Oldtimersaison unzefänken. Bei stralendem Sonnenschäin haten sech de Sonnden 06 Mee méi wei 60 Oldtimer bei der Garage Schmit zu Gréiwemaacher.

2016 · 09.10.2016
Fir Oldtimersaison 2016 ofzeschléissen huet de “Veteran & Vintage Car Club of Luxembourg” hiren traditionellen Hierscht-Tour organiséiert, de Randonnée “Serge Krier”. De Sonnden 09 Oktober um 09 Auer war Treffpunkt zu Léiweng beim Akafszenter fir eng Randonnée vun 92 Kilometer. Vun do aus goung et dunn Richtung Neufchef a Frankräich.

2016 · 02.07.2016
De Veteran & Vintage Car Club Lëtzebuerg huet de Sonnden den 02 Juli hire „46ème Tour de Luxembourg pour voitures historiques“ organiséiert. Iwwer 40 Autoen haten sech fir de flotten Tour duerch den Norde vu Lëtzebuerg ugemellt deen dëst Joer just iwwert een Dag gaangen ass.