· 

Tour de Luxembourg- VVCCL


De Weekend vum 08.06-10.06 huet den Veteran & Vintage Car Club Luxembourg all seng Memberen invitéiert hiren 50sten Gebuertsdag vum Club ze feieren.
Déi 3 Deeg waren am ganzen 3 Ausfaarten geplangt iert dann Sonndes zu Wickreng "an haffen" Gebuertsdagsfeier stattfonnt huet.
Den Tour Freides ass am Grand Hôtel zu Iechternach lassgaangen an huet Memberen op Lenningen gefouert wou eng Wäindegustatioun geplangt war.
Samschdes goung et dunn op Veianen mat engem Mëttegiessen am Restaurant Victor Hugo an duerno zréck op Iechternach wou Präisiwwerreechung am Grand Hôtel stattfonnt huet.
Zu Wickreng gouf et dunn fir all Memberen eng grouss Gebuertsdagsfeier mat Buffet an Musek.
Mir waren Freides op Iechternach déi 1 Etappe fotograféieren.

 

vvccl.com