De Sonnden 10 Juni war et endlech souwäit: Stroossen Klassik a.s.b.l. huet zesummen mat hiren Sponsoren deen éischten Stroossen-Klassik Summer Tour organiséiert.
Am ganze 47 Oldtimer waren ugemellt an kruten een flotten Tour duerch eist Ländchen an iwwert Grenz duerch Däitschland gebueden.
Depart war nom Frühstück an Briefing zu Stroossen beim Fussballterrain. Richtung Saeul, iwwert den Stau, Wolz, laanscht Veianen wou dunn hannert der däitscher Grenz am „Schloss Kewenig“ Mëttegpaus gemaach gouf
Ee feste Bestanddeel an der Lëtzebuerger Oldtimerzeen ass dem „Veteran and Vintage Car Club Luxembourg“ hiren „Tour de dégommage“ fir Oldtimersaison unzefänken. Bei stralendem Sonnenschäin haten sech de Sonnden 06 Mee méi wei 60 Oldtimer bei der Garage Schmit zu Gréiwemaacher.
Zenter 17 Joer organiséiert den ACL op Christihimmelfahrt hiren ACL Classic Tour duerch Lëtzebuerg.
Dëst Joer waren 122 Young- an Oldtimer ugemellt fir een Tour duerch ganz Land ze maachen. Moies ass et lass gaangen zu Bartreng beim ACL wou jidderee Kaffi, eng Mëtsch an och „Roadbook“ krut.
Déi 16ten Editioun vum ACL Classic Tour wor en Tour an der Groussregioun Lëtzebuerg vun 260 km mat 120 aalen Autoen um Depart. Deen eelsten Auto dëst Joer war ee Bugatti vun 1937.
Diese Webseite verwendet Cookies. Cookies werden zur Benutzerführung und Webanalyse verwendet und helfen dabei, diese Webseite zu verbessern. Durch die weitere Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit unserer Cookie-Richtlinie einverstanden. Mehr Infos hier: Cookie PolicyOk