· 

Tour de degommage VVCCL

Och dëst Joer si mir vum Veteran and Vintage Car Club Luxembourg gefrot gi fir de Start vun hirem éischten Tour fir dës Saison ze fotograféieren. Mir sinn der Invitatioun natierlech gären nokomm a ware Sonndes Moies de 05 Mee um 09 Auer beim Kichechef um Parking fir den Depart vum Tour de dégommage matzemaachen. Duerno goung et fir déi 60 Participanten iwwer Dondel bis erop op Wämperhaart wou zesumme giess ginn ass. Vill Spaass mat eise Fotoe vum Depart.

 

https://www.vvccl.com/