· 

Summer Tour - Strossen Klassik


De Sonnden 10 Juni war et endlech souwäit: Stroossen Klassik a.s.b.l. huet zesummen mat hiren Sponsoren deen éischten Stroossen-Klassik Summer Tour organiséiert.
Am ganze 47 Oldtimer waren ugemellt an kruten een flotten Tour duerch eist Ländchen an iwwert Grenz duerch Däitschland gebueden.
Depart war nom Frühstück an Briefing zu Stroossen beim Fussballterrain. Richtung Saeul, iwwert den Stau, Wolz, laanscht Veianen wou dunn hannert der däitscher Grenz am „Schloss Kewenig“ Mëttegpaus gemaach gouf. Nom Buffet op dësem wonnerschéinen Schlass goung et dunn weider Richtung Beefort, Walfer, Briddel nees zréck op Stroossen.  Op enger Streck vun 180 km hunn Léit missten unhand vun engem Roadbook den Wee fannen, no Buschtawen sichen an op 3 Kontrollpunkten Froen beäntwerten.
Als Ofschloss war um hallwer sechs Präisverdeelung wou déi éischt 3 Equippen eng Coupe iwwerreecht kruten.
Mir waren als offiziell Fotografen den ganzen Dag bei dësem Tour dobäi an mir wëllen op dësem Wee dem ganzen Team vun Stroossen Klassik een groussen Merci soen fir hiert Vertrauen an eis. Dir sidd eng super lëschteg Equipe an Organisatioun vun dësem Summer Tour war bis an deen klengsten Detail super ëmgesat.
Mir freeën eis elo schonn op deen 2ten Summer Tour Stroossen Klassik 2019.

stroossen-klassik.lu/   schloss-kewenig.de/