Artikel mit dem Tag "Strossen Klassik"



2019 · 18.09.2019
Op der 3ter Editioun vu Stroossen Classics am "Shared Space" zu Bartreng gouf et dëst Joer vill ze feieren: 150 Joer Adam Opel, 120 Joer Fiat, 100 Joer André Citroën an Zagato, 70 Joer Abarth a 60 Joer Mini. Fir déi zwee 100 järeg Gebuertsdeeg gouf et och ee Kuch vun der Pâtisserie Rieffer.

2019 · 22.06.2019
Eng Reportage a Fotostréck vum lëschte Weekend feelt nach: de Stroossen Klassik Summer Tour. Ee flotte Rallye organiséiert vum Pit a senger Equipe duerch eist Ländchen mat engem kuerze Stopp hei vir an Däitschland fir Mëttegpaus.

2019 · 18.05.2019
Als lokale Veräin vu Leideleng hu mir natierlech net dierfte feelen um Stroossen Klassik hirem 3ten Afterwork vun der Saison bei Capital at Work. Organisatioun vun dësem Event war dank der Equipe vu Stroossen Klaasik an Zesummenaarbecht mat Capital at Work wei ëmmer top.

2019 · 20.04.2019
Bei eisem Sponsor LL Classic Cars war de Freiden 19 Abrëll eng weider lass: Stroossen Klassik a.s.b.l. huet op hiren zweeten Afterwork vun der Saison invitéiert. Et war eng Erausfuerderung esou een Event matzen an der Stad ze maache mee mat Hëllef vun der BIL war den Oldtimerparking....

2019 · 29.03.2019
De Lio an seng legendär Burgere sinn aus eisem Ländchen net méi ewech ze denken.. Konzept Q8 Tankstell an Iessbud op engem Terrain ze maache war virun 10 Joer eng super Iddi déi sech bis haut bewäert huet.

2018 · 22.09.2018
Wisou eppes ännere goen wat gutt funktionéiert, dat hunn sech och Jonge vu Stroossen Klassik a.s.b.l. geduecht an hiren 3ten Afterwork genau ewéi deen 2ten beim Lio's Burger zu Walfer gemaach.

2018 · 20.09.2018
Dat wuel gréissten Treffen um Oldtimerday war natierlech déi zweet Editioun vum Stroossen Classics. Ënnert der Organisatioun vum Veräin Strossen Klassik huet sech den Duerfkär vu Bartreng an ee wonnerschéinen Oldtimerparkplatz verwandelt.

2018 · 21.07.2018
Genial Wieder, eng gutt Location, eng locker Atmosphär a bal 70 Oldtimer waren déi perfekte Viraussetzung fir der Stroossen Klassik a.s.b.l. hiren 2ten Afterwork.

2018 · 15.06.2018
De Sonnden 10 Juni war et endlech souwäit: Stroossen Klassik a.s.b.l. huet zesummen mat hiren Sponsoren deen éischten Stroossen-Klassik Summer Tour organiséiert. Am ganze 47 Oldtimer waren ugemellt an kruten een flotten Tour duerch eist Ländchen an iwwert Grenz duerch Däitschland gebueden. Depart war nom Frühstück an Briefing zu Stroossen beim Fussballterrain. Richtung Saeul, iwwert den Stau, Wolz, laanscht Veianen wou dunn hannert der däitscher Grenz am „Schloss Kewenig“ Mëttegpaus gemaach gouf

2017 · 17.09.2017
Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach.