· 

Stroossen Classics 3rd Edition

Op der 3ter Editioun vu Stroossen Classics am "Shared Space" zu Bartreng gouf et dëst Joer vill ze feieren: 150 Joer Adam Opel, 120 Joer Fiat, 100 Joer André Citroën an Zagato, 70 Joer Abarth a 60 Joer Mini. Fir déi zwee 100 järeg Gebuertsdeeg gouf et och ee Kuch vun der Pâtisserie Rieffer. Dëse flotten Event ass mëttlerweil net nëmme bei den Oldtimerfans bekannt mee och vill Visiteuren haten de Wee op Bartreng fonnt fir am ganzen Duerfkär schéin a seele Gefierer ze bewonneren. Fir Iessen an Drénken hunn verschidde Cluben a Foodtrucke gesuergt. Et goufen och en puer Verkafsstänn, ënnert anerem Véronique mat senge selwer gemaachten Hitt. Ambiance war wei ëmmer super an och Organisatioun vu Stroossen Klassik a.s.b.l. war perfekt wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

 

www.stroossen-klassik.lu