· 

Oldtimerday - Stroossen Classic 2nd

Dat wuel gréissten Treffen um Oldtimerday war natierlech déi zweet Editioun vum Stroossen Classics. Ënnert der Organisatioun vum Veräin Strossen Klassik huet sech den Duerfkär vu Bartreng an ee wonnerschéinen Oldtimerparkplatz verwandelt. Nieft engem Wëllkomm-Center, enger Porsche-Avenue a Parkingen fir déi verschidden Autosmarke goufen et och vill Foodtrucken, Autohändler a Verkafsstänn déi iwwert de ganze Site verdeelt ware. De Veräin hat sech schonn am Virfeld vill Méi gi fir Reklamm ze maachen an esou koume bei wonnerschéinem Wieder och ganz vill Visiteuren een Tour duerch Bartreng maache fir déi vill Oldtimer ze gesinn.
Et goufen awer och en puer Gebuertsdeeg gefeiert an dofir waren extra vum Yves Rieffer dräi lecker Kuche gemaach ginn: eemol fir 70 Joer Porsch, en anere fir 50 Joer Citroën Méhari a Citroën 2CV an ee fir 50 Joer Dino Ferrari.
Eise Fazit: Eng top Equipe, eng super Organisatioun an de „Shared Space“ zu Bartreng war déi perfekte Location fir dëst grandioost Treffen. Mir si gespaant op déi drëtt Editioun nächst Joer.

 

www.stroossen-klassik.lu/