Artikel mit dem Tag "Classic"



2018 · 16.01.2018
Vum 11 bis de 14 Januar 2018 gouf et fir InterClassics Maastricht gläich zwou Saachen ze feieren: hiren 25ten Jubiläum an een neie Besucherrekord vu méi wei 34.000 Visiteuren.
1994 vum Oldtimerclub Gronsveld an Liewe geruff, zielt InterClassics Maastricht haut zu enger vun deenen gréissten Oldtimermessen an Europa.

2017 · 01.10.2017
Fir déi éischte Kéier war zu Nidderkuer de Sonnden 1 Oktober den „Retromobile ZAC Haneboesch II“. Et war een erfollegräicht Treffen mat ville Visiteuren a flotten ale Gefierer wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

2017 · 24.09.2017
Eng impressionnant Location, exzeptionell Autoen a vill Sonn esou kann een dem Club Automania 57 hiert éischt Treffen am Schlass vu Malbrouck beschreiwen. Méi wei 600 Oldtimer, Youngtimer an Sportsautoen waren am Schlass a ronderëm op den Parkingen a Wisen ausgestallt.

2017 · 17.09.2017
De Sonnden 17 September war deen éischten nationalen Oldtimerday zu Lëtzebuerg. An Liewe geruff gouf dësen Dag vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF. Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer ..

2017 · 17.09.2017
Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach.

2017 · 25.05.2017
Zenter 17 Joer organiséiert den ACL op Christihimmelfahrt hiren ACL Classic Tour duerch Lëtzebuerg. Dëst Joer waren 122 Young- an Oldtimer ugemellt fir een Tour duerch ganz Land ze maachen. Moies ass et lass gaangen zu Bartreng beim ACL wou jidderee Kaffi, eng Mëtsch an och „Roadbook“ krut.

2016 · 05.05.2016
Déi 16ten Editioun vum ACL Classic Tour wor en Tour an der Groussregioun Lëtzebuerg vun 260 km mat 120 aalen Autoen um Depart. Deen eelsten Auto dëst Joer war ee Bugatti vun 1937.