· 

Acl Classic Tour 2019

Wei all Joer op Christi Himmelfaart huet den ACL hire Classic Tour duerch eist Land a Grenzregioun organiséiert. Start fir all Gefierer war Moies beim ACL zu Bartreng wou och vill Visiteuren Autoe bestaune konnten.

 

Um 08.30 Auer goufe Participante vum Ed Goedert gebrieft, kruten den Dagesoflaf erkläert an den Tour kuerz beschriwwen iert et dunn um 09.00 Auer un de Start gaangen ass.

 

Den Tour goung an den Norde vum Land iert et dunn eriwwer gaangen ass an Belsch. Am Schlass Jemeppe gouf et Mëttegiessen an eng Foto vun all Participant mat dem wonnerschéine Schlass am Hannergrond.

 

Gutt gestäerkt goung et dunn erëm zréck duerch eist Ländchen Richtung Dummeldeng wou Arrivée wei all Joer am Parc Hotel Alvisse war inklusiv ee gutt Ofschlossiessen, enger Erënnerungsfoto an Präisverdeelung.

 

Mir waren dëst Joer offiziell Fotografe vum ACL Classic Tour a mir wollten dem ACL a ganz besonnesch dem Ed an dem Shannon ee groussen Merci soe fir hiert Vertrauen. Mir haten een ustrengenden awer flotten Dag an et ass eng flott Fotostreck dobäi eraus komm.

 

www.acl.lu