· 

Acl Classic Tour 2017

Acl Classic Tour 2017


Zenter 17 Joer organiséiert den ACL op Christihimmelfahrt hiren ACL Classic Tour duerch Lëtzebuerg.
Dëst Joer waren 122 Young- an Oldtimer ugemellt fir een Tour duerch ganz Land ze maachen. Moies ass et lass gaangen zu Bartreng beim ACL wou jidderee Kaffi, eng Mëtsch an och „Roadbook“ krut. Um 9.15 Auer war den Départ vun dem éischten an och gläichzäiteg eelsten Auto: een Delage D8-N. Am 30 Sekonnen Takt sinn Autoen dunn op de Wee geschéckt ginn,  deen Piloten an hier Co-Pilote misste selwer unhand vun hirem Roadbook erausfannen. Vun Bartreng op Koplescht, Nouspelt, Garnech, Kënzeg bis op de Fonds de gras wou mir stounge fir ee Fotoshooting ze maache mat enger historescher aler Damplokomotiv als Hannergrond.
Mëttespaus war dunn um Belval wou all Autoen op der Place de l’Akadémie geparkt ware fir sech de Visiteuren ze presentéieren. Um 13.15 Auer goung et dunn erëm weider iwwert Monnerech, Fenteng, Duelem, Kanech, Schëtter, Buerglënster, Blaaschent bis bei Arrivée zu Dummeldeng am Park Hotel Alvisse.
Bei engem gudden Iesse sinn dann och Trophäen an Präisser de Gewënner iwwerreecht ginn a folgende Kategorien:
-eelste Pilot: Pierre Back am Chrysler Baron vun 1989
-jéngste Pilotin: Heintz Lynn am Citroën SM vun 1971
Gesammtwaertung:
1.Platz: Remmel Erwin a Remmel Mario am Alvis TA14 special sports vun 1948
2.Platz: Belardi Chris a Bernhard Gilles am Porsche 911 Carrera Cabrio vun 1984
3.Platz: Lamesch Joe  Wagner Zoé am VW Käfer vun 1973
Eise Fazit: Et war een ustrengenden Dag fir eis mee et huet sech gelount dobäi ze sinn, flott Gespréicher ze feieren a vill néi Léit kennenzeléieren. Dem ACL an hirer Equipe ee grousse Merci fir déi super Organisatioun an hiert Vertrauen an eis, mir freeën eis schon op 2018.
Vill Spass mat eise Fotoen an een extra Merci un de Carlo Zens fir déi super Fotoe aus der Loft.