· 

Stroossen Klassik Afterwork @ Lio’s Burger


Genial Wieder, eng gutt Location, eng locker Atmosphär a bal 70 Oldtimer waren déi perfekte Viraussetzung fir der Stroossen Klassik a.s.b.l. hiren 2ten Afterwork.
Beim Lio’s Burger, nieft der Q8 Statioun zu Walfer hunn sech de Freiden 20 Juli ab 17.00 Auer Oldtimerfans getraff fir ee relaxen Owend ënnert Frënn a Kollegen ze verbréngen.
Eise Fazit: eng super Organisatioun vun Stroossen Klassiks an der Equipe vun Lio’s Burger, eng grandios Iddie fir deen Afterwork all Mount ze maachen, mega lecker Burgeren vum Lio a flott an interessant Gespréicher. Et war wierklech ee schéinen Owend a mir freeën eis op deen nächsten Afterwork Enn August, maacht weider esou Jungs !

www.stroossen-klassik.lu/