· 

Tour de degommage VVCCL


Ee feste Bestanddeel an der Lëtzebuerger Oldtimerzeen ass dem „Veteran and Vintage Car Club Luxembourg“ hiren „Tour de dégommage“ fir Oldtimersaison unzefänken. Bei stralendem Sonnenschäin haten sech de Sonnden 06 Mee méi wei 60 Oldtimer bei der Garage Schmit zu Gréiwemaacher getraff fir hiren Oldie déi éischte Kéier dëst Joer auszeféieren. Organisateuren haten sech ee schéinen Tour laanscht Musel ausgeduecht fir duerno am Zylinderhaus zu Bernkastel-Kues ee Mëttegiessen an eng Visitt vum Musée zesummen ze erliewen.
Mir waren beim Depart vum „Tour de dégommage“ dobäi a soen op dësem Wee dem Club ee grousse Merci fir Invitatioun.

 

www.vvccl.com