· 

Oldtimerday - Oldtimerbus Tour Georges Carbon

Déi éischt Statioun vum Oldtimerday, also besser gesot Oldtimerweekend, huet eis de Samschden 15 September um 10 Auer an Stad op de Parking Bouillon gefouert. Well genau do war Treffpunkt fir mam Georges Carbon sengem Oldtimerbus eng Visitt duerch eis Stad ze maachen.
An engem vum Georges Carbon a Stand gehalenem Mercedes Reesbus vun 1953 hunn mir eis zesumme mat dem lëschtegste Guide vum Luxembourg City Tourist Office, dem Theo Krausch an dem beschte Chauffer vu Lëtzebuerg, dem Alex Manderscheid op de Wee gemaach.
Stoe bliwwe si mir als éischt beim Mudam an den dräi Eechele wou een och eng wonnerschéi Panoramavue huet iwwert eis schéi Stad. No en puer Gruppefotoe si mir weidergefuer bei mëttelalterlech Tierm vun der Wenzelmauer déi aus taktesche Grënn just zur Halschent gebaut gi sinn. Mir konnten och op ee vun dësen Tierm eropklammen an deen aussergewéinlechen Bléck geneissen iert et dunn nees duerch Stad Richtung Bouillon gaangen ass.
Ënnerwee huet den Theo eis ganz vill Anekdote vu fréier erzielt a mir si gewuer gi vun wou verschidde Lëtzebuergesch Spréch kommen. Zum Schluss krute mir dunn och nach en puer lëschteg Witzer vum Theo a vum Alex gezielt.
Mir hunn eis all ganz gutt amuséiert a soe jidderengem Merci fir dee wonnerschéinen, léierräichen a lëschtegen Tour mam Oldtimerbus duerch eis Haaptstad.
Dës Oldtimerbussen kënnt dir och mam Alex als Chauffer beim Georges Carbon buchen.

 

www.oldtimerbus.lu/   

www.luxembourg-city.com/de