· 

Tour de degommage

Wéi schonn an deene leschte Joren hat de Veteran and Vintage Car Club Luxembourg eis och dëst Joer invitéiert, fir de Start vun hirem éischten Tour vun der Saison ze fotogrpahéieren.. Mir hunn dës Invitatioun natierlech mat Freed ugeholl.

Sonndes, den 4. Mee, hu mir eis scho fréi moies ëm 9 Auer um Parking beim Ets. Klauner zu Steesel agefonnt, wou de Tour de dégommage lancéiert gouf.

Bei stralendem Wieder si ronn 40 Oldtimerfrenn mat hiren Autoen gestart, mat der éischter Etapp bis erop op Clierf an de Restaurant Les Écuries du Parc, wou zesumme gemittlech giess an sech ausgetosch gouf.

Den Tour huet säin Ofschloss zu Bieles um Parking Bëschkierfecht fonnt, wou d'Participanten no engem flotten Dag ukomm sinn. 

 

vvccl.lu