Sonnden, den 19. Oktober, war den leschten LOF Oldtimer Breakfast vun dëser Saison. Vill Leit hunn de Wee bei den Hotel Léger zu Mensbesch fonnt – bei schéinem Hierschtwieder an mat hire schéine Gefierer.
Fir ze starten gouf et Croissanten a frësche Kaffi, an natierlech vill flott Gespréicher tëscht Oldtimer-Frënn.
De Rétro-Mobile Young- & Oldtimertreffen vum Sonnden, den 14. September 2025, am ZAC Haneboesch II zu Differdange/Nidderkuer war e groussen Erfolleg. Vill Visiteuren hunn de Wee fonnt, fir déi verschidden Oldtimer, Youngtimer a Motos ze bewonneren an déi flott Atmosphär ze genéissen.
Den Freiden, den 12. September, hu mir zesummen mat villen Oldtimer- a Youngtimer-Frënn en onvergiesslechen Owend bei eisem Sponsor Lio’s Burger verbruecht. D’Wieder huet matgespillt, d’Plaz war voll mat flotte Gefierer an d’Stëmmung war einfach genial.
D’Highlighten vum Owend waren ouni Zweiwel déi frësch gegrillten, lecker Burger an déi Live Musek, déi fir déi perfekt Afterwork-Atmosphär gesuergt huet.
D’Start Your Engine Treffen 2025 kënnt dëst Joer mat engem frësche Konzept: Op engem neie Site, perfekt fir Oldtimer an Youngtimer, gouf den Datum Mëtt August gewielt, fir dass d’Fans an d’Besëtzer hir Gefierer bei beschtem Wieder presentéiere kënnen.
Nieft den automobillen Highlights suergt e variéiert Museksprogramm mat verschiddene Concerten fir richteg Festival-Stëmmung. Mat Iessen, Gedrénks an genuch Plaz fir Austausch gëtt d’Erlebnis ofgerënnt.
Den 17.08.2025 ware mir beim LOF Oldtimer Breakfast bei Retromobile SA zu Ellange.
Am Kader vum Breakfast hunn sech vill Oldtimer an Youngtimer an der Industriezon agefannen. Fir déi richteg Stëmmung gouf mat Croissanten a Kaffi gesuergt, an d’Participantë konnten och en Abléck an den Atelier vu Retromobile SA kréien.
Den 16.08.2025 ware mir zu Steesel beim 15. internationale Meeting vun de Collectionneurs de Véhicules Militaires (CVM) am Centre de loisirs Norbert-Melcher.
D’Meeting huet sech iwwer dräi Deeg gezunn, wou d’Visiteuren déi impressionnant Gefierer bewonnere konnten an et och verschidde Verkafsstänn gouf.
Den 2. a 3. August 2025 huet sech Steesel mam Vintage Cars & Bikes erëm an e Paradies fir Oldtimer‑ a Youngtimer Fans verwandelt. Méi wéi 750 historesch Gefierer – vum Auto iwwer Trakter bis zum Moto – hunn um grouss Ausstellungsterrain tëscht Schoul a Kulturzentrum geblénkt. Héichpunkter wéi de Concours d’élégance, eng grouss Stécker‑ a Modellbörse souwéi Clubpresentatioune hunn vill Visiteuren ugezunn.
E Weekend am Zeeche vun den Hecktriebler – Opel-Feeling beim Schlass zu Suessem: Méi wéi 170 klassesch Opel hu sech dëse Weekend, den 26. a 27. Juli 2025, ronderëm Schlass zu Suessem versammelt. Beim 6. Internationale Opel Hecktriebler-Treffen.
De Sonndeg, den 20. Juli 2025, huet BK Concept Sàrl zu Foetz bei herrlechem Summerwieder op hiren éischte LOF Oldtimer Breakfast invitéiert . Vill Frënn vu klassesche Gefierer si der Invitatioun vun dëser jonker a dynamescher Firma nokomm.
De 28. Juni gouf Kiercheplaz zu Beetebuerg zum Treffpunkt fir Oldtimer-, Youngtimer- a Sportautofans. Beim Grand Prix de Bettembourg, organiséiert vum Lions Club Amitié, sinn d’Gefierer am Kader vun engem relaxe Rallye duerch déi schéin Regioun gefuer – a mir ware mat der Kamera dobäi. D’Statiounen um Parcours hunn de Fuerer Geschéck ofverlaangt, mee virun allem vill Spaass gebueden.