· 

LOF Oldtimer Breakfast 2

LOF Oldtimer Breakfast 2


Net manner wéi 150 Oldtimer an hier Proprietairen haten de Wee Sonndes den 21 August op der LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) hiren 2ten Oldtimer Breakfast fonnt.

De LOF an hire Sponsor Oldtimerbus Georges Carbon haten op den alen ARBED Site zu Dummeldeng invitéiert fir Moies vun 09.00-12.00 Auer zesummen ze frühstücken.

Fir Iessen an Drénken hunn déi historesch Gefierer vum „Au Bon Marché“ an dem „Cafe Tree“ gesuergt. Ee Sprangschlass fir Kanner, eng Demonstratioun wéi een en Auto eisstrahlt an eng Ausstellung vum Georges Carbon sengen Oldtimerbusse war ee gelongene Programm fir Grouss a Kleng op engem impressionnante Site. Mir soe villmools Merci a sinn och sécher den 18 September bei dem nächste LOF Oldtimer Breakfast beim APL zu Lëtzebuerg dobäi.

An hei eis Fotoe vun dësem flotte Moien.