· 

Hierscht Tour “Serge Krier”

Hierscht Tour “Serge Krier”


Fir Oldtimersaison 2016 ofzeschléissen huet de “Veteran & Vintage Car Club of

Luxembourg” hiren traditionellen Hierscht-Tour organiséiert, de Randonnée “Serge Krier”.

De Sonnden 09 Oktober um 09 Auer war Treffpunkt zu Léiweng beim Akafszenter fir eng Randonnée vun 92 Kilometer. Vun do aus goung et dunn Richtung Neufchef a Frankräich. No engem Mëttegiessen an enger Visite guidée vum “Ecomusée des Mines de Fer de Lorraine” goung et dunn iwwert Crusnes, mat engem kuerzen Halt bei der Kierch St.Barbe, nees zréck op Lëtzebuerg wou Arrivée am Hôtel-Restaurant Gulliver zu Bascharage war.

Eng 50 Autoe waren um Depart a mir waren owes bei der Arrivée dobäi, och wann do leider net méi all Auto dobäi war.