· 

Rock'n Custom Show Hangout Garage

Rock'n Custom Show Hangout Garage


Rockmusek, Oldtimer a Custom Bikes ass zënter 2012 dem "Hangout Garage" hiren erfollegräiche Programm vun der Rock'n Custom Show. Molli Bar zu Grooljen war och dëst Joer erëm bereet hier Raimlechkeeten an eng grouss Wiss zur Verfügung ze stellen. Een alen Unhänger als Bühn mat 4 Live-Bands hunn de ganze Mëtteg fir fëtzeg Rockmusek gesuergt.

Gegrills, lecker Burgeren a Béier hunn dofir gesuergt dass keen hongereg oder duuschtereg heem gaangen ass. Fir sech verwinnen ze loossen, konnten Männer sech beim Old School Barbers hire Bart trimmen loossen, ee gudde Kaffi vun Coffee Bike drénken oder eppes op deenen diverse Verkafsstänn ergatteren.  Mee wat wär eng Rock'n Custom Show ouni al Gefierer an ouni Custom Bikes, a genau aus dem Grond waren de ganzen Dag flott Oldtimer an och eenzegaarteg selwer gebauten oder restauréiert Motorrieder ze bestaunen.

 Konzept vun der "Hangout Garage" ass och 2017 erëm opgaangen wat een un deene villen Participanten an awer och un den zahlreiche Visiteure konnt gesinn.