Beim Bistro Quai zu Gréiwemaacher war Sonndes den 29 Abrëll eng méi lass: den Aces Deluxe Car Club huet op hire „Season Opening“ invitéiert. De ganzen Dag konnten Visiteuren an Oldtimerbesëtzer amerikanesch Gefierer bestaunen, Kanner konnten sech op der Spillplaz austoben, eng Live Band huet fir Stëmmung gesuergt an och en puer Verkafsstänn waren do.
Rockmusek, Oldtimer a Custom Bikes ass zënter 2012 dem "Hangout Garage" hiren erfollegräiche Programm vun der Rock'n Custom Show.
Molli Bar zu Grooljen war och dëst Joer erëm bereet hier Raimlechkeeten an eng grouss Wiss zur Verfügung ze stellen.
Den "Gormandizers Car Club" an Zesummenaarbecht mam "Powerglide Magazin" hunn de Weekend vum 23 a 24 Juni déi 6ten Editioun vum Cry Baby zu Redange an Frankräich organiséiert.
Dëse Meeting ënnert dem Motto "Kustom Kulture" an "Hot Rod" fënnt all zwee Joer statt.
Diese Webseite verwendet Cookies. Cookies werden zur Benutzerführung und Webanalyse verwendet und helfen dabei, diese Webseite zu verbessern. Durch die weitere Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit unserer Cookie-Richtlinie einverstanden. Mehr Infos hier: Cookie PolicyOk