· 

Aces Deluxe Reloaded


Beim Bistro Quai zu Gréiwemaacher war Sonndes den 29 Abrëll eng méi lass: den Aces Deluxe Car Club huet op hire „Season Opening“ invitéiert. De ganzen Dag konnten Visiteuren an Oldtimerbesëtzer amerikanesch Gefierer bestaunen, Kanner konnten sech op der Spillplaz austoben, eng Live Band huet fir Stëmmung gesuergt an och en puer Verkafsstänn waren do. Eise Fazit: trotz dem wiesselhafte Wierder war eng gutt Stëmmung mat amerikaneschem Flair an natierlech wonnerschéin Autoen a gutt amerikanescht Iessen.