· 

Cry Baby #6

Cry Baby #6


Den "Gormandizers Car Club" an Zesummenaarbecht mam "Powerglide Magazin" hunn de Weekend vum 23 a 24 Juni déi 6ten Editioun vum Cry Baby zu Redange an Frankräich organiséiert.

Dëse Meeting ënnert dem Motto "Kustom Kulture" an "Hot Rod" fënnt all zwee Joer statt. Eng Woch laang sinn Organisateuren amgang fir de Site wéi an de 50er Joren ze amenagéieren: Weeër wou Léit kënne mat hiren Oldtimer iwwert de Site fueren, kleng Buden mat Bourse, Iessen an Drénken, ee Barber Shop fir Männer, ee Vintage Coiffer fir Fraleit an Zirkuszelter wou déi zwee Deeg Concerten stattfannen. Wat zum Schluss erauskënnt ass einfach faszinant: ee klengt Duerf wéi an de 50er Joren an Amerika.

Mir waren déi éischte Kéier um Cry Baby an Ambiance, awer och Gefierer aus de 40er, 50er a 60er Jore waren impressionnant. Well dëst Treffen direkt hannert der Grenz léit sinn natierlech och ëmmer vill Letzeboier dobäi. Mir hoffen dass mir iech duerch eis Fotoen déi flott Stëmmung kënnen eriwwerbréngen.