· 

Afterwork Stroossen Klassik by Lio's Burger

De Lio an seng legendär Burgere sinn aus eisem Ländchen net méi ewech ze denken.. Konzept Q8 Tankstell an Iessbud op engem Terrain ze maache war virun 10 Joer eng super Iddi déi sech bis haut bewäert huet.

Eng flott Terrasse fir 50-70 Persounen, ee sympathescht Team, gutt Iessen an eng grouss Wiss fir Oldtimer auszestellen, besser hätt de Freiden den Owend 29/03 deen éischten Afterwork vu Stroossen Klassik net kënnen ufänken. Obwuel et eréischt Mäerz ass a bestëmmt vill Léit hiren Oldtimer nach net ugemellt hate, waren iwwer 90 al Gefierer iwwert den Owend verdeelt beim Lio's Burger op Besuch. De Lio hat op sengem Gebuertsdag vill ze schaffe well déi vill Leit haten natierlech och Honger an Duuscht matbruecht.

Et war ee super gelongenen Afterwork mat ville gudden a lëschtege Gespréicher, ville flotten Oldtimer, guddem Iessen a souguer Wierder huet matgespillt a vill Sonn geschéckt.

 

www.stroossen-klassik.lu/    Lio's Burger Fanpage