· 

Le Bug Show

Als Käfer a Busfuerer ass et fir eis natierlech een Highlight an der Oldtimersaison: Bug Show um Circuit vu Spa Francorchamps. Mir hunn eis ëmsou méi gefreet well mir lëscht Joer leider net konnten dobäi sinn. Iwwert 4000 loftgekillte Vw Oldtimer hunn de ganze Weekend eng riseg Party zu Spa gefeiert a Samschdes Mëttes war déi traditionell Parade wou jiddereen drun deel geholl huet. Et waren och vill Lëtzebuerger dobäi wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

 

www.vwbugshow.be