Den éischte Weekend am August verwandelt sech all Joer de Circuit vu Spa Francorchamps an dat gréisste loftgekillte VW Treffen vun Europa: iwwert 10000 Visiteuren a bal 4000 Keefer, Bullien, Karmann Ghia a Buggie
Wéi 1990 de “Belgian Buggy & VW Club” hiert éischt Treffe mat 200 Autoen op engem Fussballterrain organiséiert huet, huet wahrscheinlech keen domat gerechent dass et den Ufank vum gréisste loftgekillten VW Treffen an Europa wär.