· 

Bug Show

Le Bug Show


Den éischte Weekend am August verwandelt sech all Joer de Circuit vu Spa Francorchamps an dat gréisste loftgekillte VW Treffen vun Europa: iwwert 10000 Visiteuren a bal 4000 Keefer, Bullien, Karmann Ghia a Buggie ginn sech Rendezvous fir zwee aussergewéinlech Deeg mateneen ze verbréngen. 2017 war déi 25ten Kéier dass de “Belgian Buggy & VW Club” Bug Show organiséiert. Camping, Verkafsstänn, eng Bourse, Drag Race, Circuit fueren an natierlech Top 20 stoungen um Programm.
Den Highlight ass ëmmer eng grouss Parade wou gläichzäiteg 1500 loftgekillte Gefierer zesummen iwwert de Circuit fueren al all Joer loossen Léit sech nei Saachen afalen: een Einhorn um Gepäckdréier vum Bulli, Gaardestill mat engem Dësch hannen op der Pritsche oder einfach eng Matrass um Gepäckdréier fir ze chillen.
Och mir waren dëst Joer erëm dobäi a mir sinn ëmmer erëm faszinéiert vun der ganzer Liewenskultur an dem Spaass deen Bug Show mécht a mir wëllen dëst Gefill duerch eis Fotoen mat iech deelen.