· 

Bug Show

Bug Show


Wéi 1990 de “Belgian Buggy & VW Club” hiert éischt Treffe mat 200 Autoen op engem Fussballterrain organiséiert huet, huet wahrscheinlech keen domat gerechent dass et den Ufank vum gréisste loftgekillten VW Treffen an Europa wär.

1993 war déi éischte Kéier wou Treffen dunn um Circuit de Spa-Francorchamps stattfonnt huet. Dëst Joer war de Weekend vum 06-07.08 déi 24ten Editioun vun der Bug Show mat méi wei 2600 VWen aus ville verschiddene Länner: Däitschland, Frankräich, Belsch, Hollande, Éisterräich, Schwäiz, Italien, Mazedonien, England, Lëtzebuerg... Mir selwer als VW Fans kenen iech Folgendes soen: Bug Show ass einfach eppes wat een emol am Liewe muss gesinn hunn. Ambiance, Verkaafsstänn,Aussteller, Camping an natierlech de Circuit selwer ass déi ideal Mëschung fir een extraordinäre Weekend fir Passionéierter.

Wéi all Joer konnt een och op diverse Campinge ronderëm Streck campéieren a well souvill Léit dovu profitéiert hunn war et scho Freides Owes schwiereg eng Platz ze fannen. Dragster Renne stoungen um Programm an awer och Proprietairë konnte mat hirem Loftgekillten en Tour iwwert Rennstreck dréinen.

Den Highlight war natierlech Parade Samschdes Mëttes wou méi wéi 2000 Autoen zesummen iwwert Streck gefuer sinn. Sonndes krueten dann och déi TOP 20 Autoen ee Präis liwweregt.

Wieder huet dëst Joer och gutt matgespillt a bei vill Sonn hunn déi méi wéi 10000 Léit ee richteg flotte Weekend matenee verbruet. Mir freeën eis op nächst Joer a bis dohin weise mir iech déi flott Fotoen déi mir gemaach hunn a mir hoffen dass mir iech op dësem Wee en bësse vun der flotter Ambiance kenen eriwwerbréngen.