· 

Revival Grand Prix de Luxembourg

Et war eent vun den Highlighte vum Oldtimerday 2019: de Revival vum Oldtimer Grand-Prix um Findel. Sonndes Mëttes zweschend dem Neiduerf an dem Findel war et ewéi fréier: op der aler Rennstreck goung et awer dës Kéier net em Schnellegkeet mee em Präzisioun. Op verschiddene Kontrollpunkten huet ee missten esou genau ewéi méiglech un déi gefroten Zäit erun kommen. Dat ganzt gouf organiséiert vum British Sports Car Owners a Kollaboratioun mam ACL. Vill Oldtimer hunn matgemaach, ënnert anerem och een Oldtimer dee fréier Rennen matgefuer war. Et waren och duerch déi vill Reklamm déi gemaach gi war vill Visiteuren um Site, wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

http://bscoc.mystrikingly.com/