Artikel mit dem Tag "Oltimerday2019"



2019 · 29.09.2019
Et war eent vun den Highlighte vum Oldtimerday 2019: de Revival vum Oldtimer Grand-Prix um Findel. Sonndes Mëttes zweschend dem Neiduerf an dem Findel war et ewéi fréier: op der aler Rennstreck goung et awer dës Kéier net em Schnellegkeet mee em Präzisioun. Op verschiddene Kontrollpunkten huet ee missten esou genau ewéi méiglech un déi gefroten Zäit erun kommen.

2019 · 27.09.2019
Et war net déi éischte Kéier dass de Georges Carbon een Oldtimertreffen op sengem super flotte Site zu Dummeldeng gemaach huet an hoffentlech och net fir lëscht.

2019 · 24.09.2019
Och den APL Auto Parts vun Zéisseng huet beim Oldtimerday 2019 matgemaach a spontan de Samschden 21.09 ee klengt Treffen organiséiert. Vun 14 bis 16 Auer huet Geschäft seng Dieren opgemaach an Participanten krute Kuch, Kaffi a Gedrénks offréiert. Mir waren och bis bei den APL an nach vill anerer haten Invitatioun ugeholl wei dir op eise Fotoe kënnt gesinn.

2019 · 23.09.2019
Mir hunn lëscht Joer um Oldtimerday de Musée A-Possen kenne geléiert an et huet eis enorm gutt gefall. Dofir war et fir eis kloer och dëst Joer hir Mobyletten Ausstellung fir den Oldtimerday 2019 kucken ze goen.

2019 · 23.09.2019
Deen éischte Stopp um Oldtimerday 2019 huet eis op Hénkel an Enneschtduerf an de Matchboxmusée gefouert. Scho vu bausse gesäit een dass et sech bei dësem Reienhaus net em een normaalt Haus handelt, metalle Schëlter un der Hauswand, eng al Telefonskabinn, vill Holz an Oldtimer am Haff.