· 

Musée A possen

Mir hunn lëscht Joer um Oldtimerday de Musée A-Possen kenne geléiert an et huet eis enorm gutt gefall. Dofir war et fir eis kloer och dëst Joer hir Mobyletten Ausstellung fir den Oldtimerday 2019 kucken ze goen. An och dëst Kéier huet Nathalie an säin Team eng super Iddi gehat: duerch de ganze Musée, fir an der Vitrinn a souguer am ale Possen Haus huet ee Mobylette vun 1946-1979 fonnt. Mat vill Léift zum Detail goufe Marken Peugeot, Honda, Motobécane, Suzuki an Ducati esou positionéiert dass se richteg gutt an déi normal Ausstellung vum Musée gepasst hunn. Souguer eng Mobylette vun der Mark Olympia Ducati Cucciolo déi hei a Lëtzebuerg gebaut ginn ass war ausgestallt. Et war an ass nach ëmmer derwäert kucken ze goen well och dës ganz Woch fannt dir Mobyletten nach am Musée ausgestallt.

http://www.musee-possen.lu