· 

Um alen zwier

Mat engem Meet and Greet zu Brouch huet AMAL de Samschden 13 August hire flotten Tour mat alen Trakteren a Motorrieder gestart. No engem kuerze Briefing goung et op deen éischten Tour duerch de Weste vun eisem Land. Zu Biekerech stoung dunn eng guidéiert Visitt vun der aler Seeërei um Programm mat uschléissendem Patt op der Millen. Am fréien Nomëtteg goung et dunn wieder iwwert kleng Weeër Richtung Aischdall wou sie dunn all zesumme bei enger wonnerschéiner Kuliss gebruncht ginn ass, traditionell mat enger gudder Hameschmier. Mir waren och dëst Joer erëm vum Club invitéiert gi fir Fotoen ze maachen an der Invitatioun si mir ganz gären nokomm. Et war erëm super schéi mat iech ënnerwee ze sinn a mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun.

 

www.amal.lu