· 

6. Int Opel-Hecktriebler Treffen Lëtzebuerg

E Weekend am Zeeche vun den Hecktriebler – Opel-Feeling beim Schlass zu Suessem: Méi wéi 170 klassesch Opel hu sech dëse Weekend, den 26. a 27. Juli 2025, ronderëm Schlass zu Suessem versammelt. Beim 6. Internationale Opel Hecktriebler-Treffen stoung alles am Zeeche vun der Automobil Geschicht, vu Passioun an der Léift fir déi klassesch Modeller.

D’Gefierer – vum sportleche Manta bis bei de stolze Commodore – hu fir sech geschwat: glanzvoll, mat vill Häerzblutt restauréiert an enzegaarteg an hirem Stil. Nieft der Vielfalt u Gefierer war et virun allem Ambiance, déi d’Treffen esou speziell gemaach huet – mat engem historesche Schlass am Hannergrond, flotte Gespréicher an engem staarke Gemeinschaftsgefill.

Mir vu Old-Rides.lu ware mat dobäi an total begeeschtert – net nëmmen iwwert déi vill schéin Opel-Klassiker, mee och iwwert den häerzleche Wëllkomm. D’Wieder war top, d’Stëmmung relax, an et goufen natierlech vill Fotoen gemaach. 

Sonndes Moies hunn Hecktriebler dunn all Youngtimer an Oldtimer ab 11 Auer op den "Oldtimer-Apéro beim Schlass Invitéiert. Och do waren mir mat eisem Käfer dobäi.

Vun eis geet e grousse Merci un d’Organisateuren vum Opel Hecktriebler-Treffen fir déi léif Invitatioun – mir komme gären erëm!

 

Opel Hecktriebler Lëtzebuerg