Den 16.08.2025 ware mir zu Steesel beim 15. internationale Meeting vun de Collectionneurs de Véhicules Militaires (CVM) am Centre de loisirs Norbert-Melcher.
D’Meeting huet sech iwwer dräi Deeg gezunn, wou d’Visiteuren déi impressionnant Gefierer bewonnere konnten an et och verschidde Verkafsstänn gouf. D’Participante vum Meeting haten d’Méiglechkeet ze campen, fir sou d’Atmosphär nach méi intensiv ze erliewen. Den Highlight vum Samschden war eng grouss Ausfahrt mat de Militärgefierer, déi vill Leit begeeschtert huet.
Mir vun Old-Rides.lu waren derbäi an hu fir iech e puer flott Fotoen aus Steesel matbruecht.