· 

Start your engine

D’Start Your Engine Treffen 2025 kënnt dëst Joer mat engem frësche Konzept: Op engem neie Site, perfekt fir Oldtimer an Youngtimer, gouf den Datum Mëtt August gewielt, fir dass d’Fans an d’Besëtzer hir Gefierer bei beschtem Wieder presentéiere kënnen.

Nieft den automobillen Highlights suergt e variéiert Museksprogramm mat verschiddene Concerten fir richteg Festival-Stëmmung. Mat Iessen, Gedrénks an genuch Plaz fir Aus­tausch gëtt d’Erlebnis ofgerënnt.

Mir vun Old-Rides.lu waren de Sonnden, den 17.08.2025, selwer op der Plaz dobäi a bréngen iech e puer flott Impressiounen an Fotoen vum Treffen mat.

 

Retro-Cars Peiteng