· 

Grand Prix de Bettembourg

De Veräin “anciens du Sporting Club Bettembourg” haten de Samschde 15 Juni an Zesummenaarbecht mam "Lions Club Luxembourg-Amitié" hiren éischten Oldtimerrallye an Liewe geruff. Ee klengen touristeschen Tour duerch de Süden vum Land mat en puer Kontrollpunkten wou Participanten hunn misste verschidde Spiller bestreiden. Méi wei 40 Oldtimer haten sech fir de Grand Prix ugemellt bei dem de ganzen Erléis un Initiativ “E flotten Dag am Parc Merveilleux zu Beetebuerg” gespent ginn ass. Den Depart war am Beetebuerger Schlass wou dës flott Fotostreck entstanen ass.

http://lions-amitie.lu/