De 28. Juni gouf Kiercheplaz zu Beetebuerg zum Treffpunkt fir Oldtimer-, Youngtimer- a Sportautofans. Beim Grand Prix de Bettembourg, organiséiert vum Lions Club Amitié, sinn d’Gefierer am Kader vun engem relaxe Rallye duerch déi schéin Regioun gefuer – a mir ware mat der Kamera dobäi. D’Statiounen um Parcours hunn de Fuerer Geschéck ofverlaangt, mee virun allem vill Spaass gebueden. Nom Ziel goufen d’Gewënner geéiert, ier den Dag gemittlech mat engem Buffet am Schlass ofgeschloss gouf. D’Startgelder goufe fir eng gutt Saach gespent. Mir konnten dëst Joer leider just beim Start dobäi sinn an hunn iech awer e puer Fotoe matbruecht vum ausverkaftene Rallye.