· 

Retro-Mobile

No engem Joer Paus war de Sonnden 12 September am Z.A.C. Hanneboesch zu Déifferdeng erëm de Retro-mobile. Wierder huet super matgespillt a bei stralendem Sonneschäin hate vill Oldtimer, Motoen an Trakteren sech zesummefonnt fir den ee flotten Dag zesummen ze verbréngen. Live Musek, Animatioun fir Kanner, Iessen an Drénken a flott Gefierer stoungen um Programm fir deene ville Visiteuren eng Freed ze maachen. Mir waren de ganzen Dag fir iech dobäi an haten interessant Gespréicher an natierlech hunn mir iech vill Fotoe vun deem Dag matbruecht. Ee gelongenen Dag mat enger super Organisatioun.