· 

Car-Sonndig - Oldtimer om Moart

Start vun der Oldtimersaison 2023 dëst Joer Ouschtersonndeg beim Stadtmarketing Iechternach: Car Sonndig-Oldtimer om Moart war och dëst Joer ee vollen Erfolleg wann och net esou vill Gefierer wéi déi lescht Joren do waren. Bei guddem Wierder ware vill Visiteure komm fir mat der ganzer Famill een Tour duerch Iechternach ze trëppelen an dobäi schéin a rar Gefierer ze bestaunen. Mir ware fir iech och den ganzen Dag zu Iechternach ënnerwee, hunn flott Gespréicher gefouert an natierlech en puer schéi Fotoe matbruecht, vill Spaass beim Kucken.