· 

Racing Action Lorentzweiler Expo

Fir déi éischte Kéier huet de Racing Action Lorentzweiler 04 op Ouschterméinden eng Expo organiséiert. Konzept war gutt iwwerluecht a ganz flott ëmgesat: vu fréieren an aktuelle Racing Gefierer, Oldtimerausstellung, Autogrammstonn mam Dylan Perreira, engem Rennsimulator an natierlech Iessen an Drénken war alles dobäi. Op dem Site ronderëm Schoul konnten déi vill Visiteuren ee flotten Tour maachen a vill interessant a sportlech Gefierer gesinn. Mir ware fir iech op der Platz an hunn et eng gelongen éischt Editioun vun dëser flotter Expo fonnt wei dir op eiser Fotostreck kënnt gesinn. 

 

Racing Action Lorentzweiler 04