· 

Oldtimerdag zu Mäertert

E Sonndeg, den 18. Mee 2025, huet sech de Parc zu Mäertert an en Treffpunkt fir Oldtimer- a Youngtimer-Fans verwandelt. Beim Oldtimerday, organiséiert vum Syndicat d’Initiative Mäertert a mam Käferclub Lëtzebuerg, gouf et fir kleng a grouss Visiteuren e flotten Dag mat villen schéine Gefierer.  D’Evenement huet vill Visiteuren ugezunn, déi sech u flotten Autoe vu gëschter erfreet hunn. Nieft dem visuelle Genoss gouf et och e musikalescht Highlight: Den Aperitif-Concert vun der Harmonie Mäertert-Waasserbëlleg um 11:30 Auer huet fir déi richteg Stëmmung gesuergt. DJ Skit an DJ Carnage23 hunn duerno de Rëtsch u Klassiker mat elektroneschen Toun gemëscht. Fir Iessen a Gedrénks war gutt gesuergt, sou dass d’Visiteuren de ganze Mëtten iwwert konnte genéissen. Mir ware Moies och fir iech op der Platz an hunn iech e puer Fotoe matbruecht.

 

kaefer.lu 

sit-mertert.lu