· 

British Car day By BSCOC

De 13. Juli 2025 war zu Mondorf-les-Bains fir d’éischte Kéier den British Car Day, organiséiert vum British Sports Car Owners’ Club Luxembourg. Bei schéinem Summerwieder hu sech iwwer 150 britesch Oldtimer a Youngtimer um Terrain vum Domaine Thermal versammelt.

Vun sportlechen Roadsteren bis zu klassesche Limousinen – d’Visiteuren konnte vill entdecken, mat Sammler schwätzen a britesch Autoskultur genéissen. Iessen a Gedrénks waren och gutt vertrueden, wat fir eng flott Ambiance gesuergt huet.

E gelongenen éischten Event, dee vill Loscht op eng Nofolleg mécht!

 

bscoc.lu