Den Freiden, den 12. September, hu mir zesummen mat villen Oldtimer- a Youngtimer-Frënn en onvergiesslechen Owend bei eisem Sponsor Lio’s Burger verbruecht. D’Wieder huet matgespillt, d’Plaz war voll mat flotte Gefierer an d’Stëmmung war einfach genial.
D’Highlighten vum Owend waren ouni Zweiwel déi frësch gegrillten, lecker Burger an déi Live Musek, déi fir déi perfekt Afterwork-Atmosphär gesuergt huet.