· 

Retro Meuse Lac de Madine

Retro Meuse Lac de Madine


Och dëst Joer huet de Club "Les bielles Meusiennes" all Oldtimerfuerer aus der Groussregioun de Weekend vum 10 an 11 Juni op de Lac de Madine invitéiert. Déi 32sten Editioun vum "Retro Meus'Auto" war ee vollen Erfolleg: gutt Wierder, vill Visiteuren, eng grouss Bourse, Camping an natierlech Oldtimergefierer vun allen Kategorien a Länner.
Well Heudicourt-sous-les-Côtes net weit ewech ass vun eisem Ländchen trefft een och vill Lëtzebuerger déi sech dat Treffen op kee Fall wëllen entgoe loossen. Mir ware Samschdes och dohinner an hun iech en puer Fotoe vun dësem flotten Dag matbruecht.