· 

Opel-Hecktriebler-Treffen Lëtzebuerg

Opel-Hecktriebler-Treffen Lëtzebuerg


Zu Suessem war de Weekend vum 28 bis 30 Juli den "Opel Club Hecktriebler Letzebuerg" hiert drëtt Treffen.
Iwwer 180 Opelfrënn aus der Groussregioun hunn sech beim Schlass zu Suessem getraff fir gemeinsam bei guddem Wierder hier Gefierer de Visiteuren ze presentéieren, sech auszetauschen an zesummen de Samschden den Owend eng Oldie-Party ze feieren. 

Campe konnt een och op der Wiss beim Schlass a fir Iessen an Drénken war och gesuergt.
De Sonnden de Moien goufe Präisser a verschiddene Kategorië verdeelt.
Mir waren déi éischte Kéier op dësem Treffen an et war richteg flott wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.