· 

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Den " Vintage Cars & Bikes " Stengefort ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel vun der Letzeboier Oldtimerzeen. Zanter 5 Joer verwandelt sech de Kär vun der Gemeng an een Oldtimerduerf: ronderëm den Zentrum Roudemer haten de Weekend vum 5-6 August net manner wei 700 al Gefierer op déi mei wei 6500 Visiteure gewaart fir bestaunt ze ginn. Den Erfolleg schwätzt fir sech: iwwer 113 Aussteller haten sech schon am Virfeld ugemellt an och eng Rekordzuel vun 77 Verkaafs- a Boursestänn hun dofir gesuergt dass schon säit Mee all Platzen op dem 5000 m2 Site ausgebucht waren.
Fir jiddereen war eppes Interessantes dobäi: Motorieder, Oldtimer, Trakteren, Iessen, Drénken an Animatioun fir Kanner. Schon de Wee vum P&R bis op de Site war een Erliefnis well Visiteure vun engem Oldtimerbus ofgeholl goufen.
Ee vun de villen Highlight war en Samschden de Mëtteg Arrivée vun der LOF Oldtimer Tour fir den Télévie.
Och mir konnten eis dësen Evenement net entgoen loossen an esou hun mir Sonndes Mëttes mat eisen zwee Oldtimer esouguer eng Platz um Site kritt.
Ee grousse Luef geet op dëser Platz un  " Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Stengefort "  an Zesummenaarbecht mam " Centre d'Incendie et de Secours Stengefort " an dem " Club des Jeunes Hoën/Klengbetten " an der " Entente vun Stengefort  " fir déi super Organisatioun vum ganze Weekend, déi vill Aarbecht huet sech gelount a mir si gespaant ob 2018 erëm eng nei Rekordzuel opgestallt gëtt.