· 

CVM Steesel

CVM Steesel


Et ass all Joer erëm een Erliefnis fir Grouss a Kleng wann de „Collectionneurs de Véhicules Militaires “ vu Steesel hiert alljäerlecht Treffen am „Centre de Loisirs Norbert Melcher“ organiséiert. Och eis Nopeschlänner profitéiere vun deenen 3 Deeg fir mat hire militäresche Gefierer op Lëtzebuerg ze kommen an sech ze presentéieren.
Een Tour mam Panzer, Militärdeko, Männer a Fraen an Arméiuniformen a souguer een "Scharfschützengruef" huet Wiss hannert dem Centre de Loisirs an eng richteg Militärbasis verwandelt.
Samschdes Moies stoung och een Tour mat de Gefierer um Programm. Mir sinn op alle Fall och nächst Joer erëm dobäi a bis dohin wënsche mir iech vill Freed mat eisen Andréck vun dem originelle Meeting.