· 

Kronenbus the meeting Combi Edition

Kronenbus the meeting Combi Edition


No 2 Joer Waardezäit war et de Weekend vum 02 an 03 September erëm souwäit: Crew vun Kronenbus huet op hiert Treffen zu Leyviller invitéiert. Den Nico Bruck an seng Equipe hun et och dëst Joer erëm fäerdeg bruet iwwert 400 loftgekillte Gefierer a ganz vill Visiteuren op ee flotten Site am Duerfkär ze versammelen. Ee gutt gefëllte Programm mat Concerten, Verkafsstänn an Top 20 waren just en puer Highlighten vun deenen 2 Deeg. Pizza, Flammkuchen a Gegrills stoungen um Menü an Kanner haten hire Spaass am Sprangschlass. Dëst Joer stoung ganz am Zeechen vun de VW Bussen. Mir haten ee flotte Weekend a kënnen dëst Treffen jidderengem recommandéieren, mir freeën eis schon op 2019.