· 

International Ford Mustang Meeting

International Ford Mustang Meeting


De Vintage Mustang Club of Luxembourg huet de Weekend vum 14 a 15 Oktober op hiert internationaalt Ford Mustang Meeting agelueden.

Um Parking vun den Däichhalen zu Ettelbréck koumen all Mustangfans op hier Käschten: vun Oldtimer, Youngtimer a modern Autoen, fir jidderee war eppes dobäi.
Ganz egal ob ee selwer Mustang fiert oder einfach nëmmen als Visiteur present war, jiddereen hat eppes ze kucken. Food Trucken hun dofir gesuergt dass keen hongereg heem gaangen ass an eng Reih Verkafsstänn hunn alles ronderëm Mark Mustang ugebueden.
FordStore Paul Wengler als ee vun den Haaptsponsoren huet natierlech net dierfte feelen.
Mir waren de Samschden de Moien fir iech Fotoen maachen a waren erstaunt wifill Mustangen aus ganz Europa de Wee op Lëtzebuerg fonnt hun, alles an allem ee gelongene Meeting bei super schéinem Wieder.