· 

InterClassics Maastricht


Vum 11 bis de 14 Januar 2018 gouf et fir InterClassics Maastricht gläich zwou Saachen ze feieren: hiren 25ten Jubiläum an een neie Besucherrekord vu méi wei 34.000 Visiteuren.
1994 vum Oldtimerclub Gronsveld an Liewe geruff, zielt InterClassics Maastricht haut zu enger vun deenen gréissten Oldtimermessen an Europa. Mat enger Fläch vu 35.000 m2, 275 Aussteller a méi wei 800 Oldtimer ass fir jiddereen eppes dobäi, egal op Fan, Keefer, Verkeefer oder Journalisten.
 Highlight dëst Joer war eng extra Ausstellung mat 18 ausgewielten Oldtimer passend zu den 18 Themen ënnert deenen Messe an de lëschte Joer stoung.
 Och LOF hat zesummen mam hollänneschen Oldtimerclub FEHAC ee Stand op der InterClassics.


Mir hunn de Weekend schéin an aussergewéinlech Oldtimer gesinn a fotograféiert.