· 

Autojumble


Zum Optakt vun der Oldtimersaison war de Weekend vum 10 an 11 Mäerz den Autojumble an der Luxexpo the box. Vill Veräiner, Garagen, Händler a Cluben hunn Geleeënheet genotzt sech ze presentéieren an hier al Gefierer auszestellen.
LOF als Organisateur hat dëst Joer eng speziell Ausstellung op hirem Stand mat 11 Dino Oldtimer an och mir haten ee Stand fir den Visiteuren eis a.s.b.l. virzestellen. Mir soen op dësem Wee all eise Supporteren an eise Sponsoren, VIP Station, LL Classic Cars, Street Parts, Garage Kieffer an AXA ee grousse Merci fir hier Ënnerstëtzung an hiren Interêt un eiser Aarbecht. Ee spezielle Merci geet och un AXA déi als Haaptpräis um Autojumble ee Fotoshooting mat Old-Rides.lu verspillt hunn.
Déi néi Saison kann kommen a bis dohin vill Freed mat eiser Fotostreck iwwert den Autojumble.